
Martha Heuts
D’Martha iwwer Lëtzerbuergesch léieren an d’Méisproochegkeet perséinlech erliewen.
D’Geschicht vum Martha liesen
Eisen Invité Martha Heus wunnt zu Germersheim an Däitschland fir säi Masters an Iwwersetzung op Englesch an Hollänesch ofzeschléissen. D’Martha erklärt wéi hatt d’Opwuessen zu Lëtzebuerg an d’Méisproochegkeet am Zentrum vun där Dynamik erlieft huet.
Interview gefouert vum Yoshi Emanuël
Wëllkomm Martha! Vu (que) dass Lëtzebuergesch weltwäit ronn 400.000 Spriecher huet, waren mir immens gespant deng Geschicht ze héieren, iwwert d’Liewen zu Lëtzebuerg mat der Vilfalt u Sproochen déi an dësem Land geschwat ginn. Kéint Dir eise Lieser eppes iwwert Iech selwer soen?
Mäi Numm ass Martha an ech maachen am Moment mäi Masters an Iwwersetzung op Englesch an Hollänesch zu Germersheim, Däitschland. Dësst ass mäi lescht Semester, also wäert ech zimmlech beschäfftegt sinn. Ech hu viru bal fënnef Joer ugefaang mat de Sproochen Englesch, Holännesch (als zweet Sprooch) a Franséich (als drëtt Sprooch). Fir allen dräi vun deene Sproochen misst ech vun der Sprooch op Däitsch iwwersetzen an ëmgedréint. Ech si mat Englesch an Hollänesch weidergefuer fir mäi Mastersprogramm.
Ech sinn zu Lëtzebuerg opgewuess an sinn do an d’Primärschoul an an de Lycée gaang. Zu Lëtzebuerg hu mir de Spezialfall datt mir vill Sproochen an der Schoul musse léieren. Am éichte Schouljoer fänkt ee mat Däitsch un. Franséich kënnt am zweete Schouljoer derbäi. Als klengt Kand war dat usprochsvoll. Am aachte Schouljoer hu mir Englesch ugefaangen a spéider, am eelefte Schouljoer hu mir tëscht Spuenesch an Italienesch musse wielen. Schlussendlech hat ech keng richteg Wal well nëmmen dräi Leit waren, déi sech Italienesch entscheet hunn, inklusiv mir selwer. Et brauch een awer fënnef Leit fir eng Klass ze bilden, also hunn ech onwëlleg musse Spuenesch wielen. Dat war wierklech traureg.
Wéinst dëser Hannergrondsgeschicht iwwert all di Sproochen wärend denger Schoulzäit froen ech mech wou Lëtzebuergesch an d’Spill kënnt. Ass Lëtzebuergesch eppes wat dir net wierklech an der Schoul léiert? Hutt dir d’Sprooch wärend der Erzéiung geléiert? Wéi funktionéiert dat?
Ech kann net wierklech iwwer déi aktuell Situatioun schwätzen mee wann ech iwwert meng Zäit ander Primärschoul nodenken erënneren ech mech datt mir Lëtzebuergeschcoursen haten. Déi hu meeschtens doraus bestan, Lëtzebuergesch Texter ze liesen an ze verstoen. Et goung net wierklech ëm Grammaire oder Schreiwen well éierlech gesot (bal) kee Lëtzebuerger richteg Lëtzebuergesch schreiwe kann. Et ass schued, mee et ginn nëmmen eng Handvoll Leit déi et tatsächlech kënnen, déi d’Reegele vun der Grammaire kennen, asw.
Ech erënnere mech un ee Joer, ech mengen et war am siwente Schouljoer, wou ech all dës Grammairesreegele gesinn hunn, mee d’Proffe soten: “Et ass déi leschte Kéier wou dir Lëtzebuergeschcoursen hutt fir de Rescht vun ärer Schoulcarrière.” Et huet ee gemengt et wier e Witz. Ech erënnere mech dat ech zimmlech gutt war mat de Grammairesreegelen, obwuel ech mech erënneren datt se mer deemols zimmlech komplizéiert virkomm sinn. Eo wou ech bëssen iwwer Hollännesch wees géif ech soen dass déi lëtzebuergesch an hollännesch Grammairen vergläichbar sinn.
Nieft dem Bildungssystem ass Lëtzebuergesch déi Sprooch, déi déi meescht(e) Leit doheem schwätzen. An du héiers Lëtzebuergesch op der Strooss, besonngesch um Land. Alo, et hänkt staark dovun of, wou s du zu Lëtzebuerg bass. Och wann et e ganz klengt Land ass, watt ee méi südlech geet, wat ee méi Franséich oder Englesch héiert. Am nërdlechen an ëstlechen Deel héiert ee méi Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen, besonnesch a klenge Stied.
Interessant! Viru kuerzem war ech d’Stad Lëtzerbuerg besichen a wat mir am meeschten opgefall ass, ass dat ech vill Franséich héieren hunn. Ech froe mech, wéi all déi Sproochen am Alldag opgedeelt sinn.
Mir hu vill Fransousen a Belsch Leit (aus Wallonien) déi zu Lëtzebuerg schaffen. Net ze vergiessen déi Däitsch, déi no bei der Grenz wunnen an op Lëtzebuerg schaffe kommen Ech mengen déi meescht Leit, déi a Geschäfter schaffen, wéi Caissièren, schwätzen 80% vun der Zäit Franséich. Dat hänkt natierlech och dovun of, wou een am Land geet. Wanns ee ëstlech gitt sinn d’Chance méi héich datt ee eng däitsch Caissière begéint.
A dat ass e gutt Beispill vu der Schwieregkeet, déi all déi Sproochen z’ënnerscheeden.
Jo! Et ass ëmmer eng Iwweraschung wann een an e Buttek geet an “Hallo” seet, an hir Äntwert “Bonjour” ass. Meeschtens gréissen se een net mol op Lëtzebuergesch. E puer vun hinne maachen et schon, awer meeschrens soen se “Bonjour”, an da wees een direkt “Okay, ech muss Franséich schwätzen. Awer am Endffekt ass et trotzdeem praktesch.
Hutt dir eng Virléift fir eng bestëmmte Sprooch zu Lëtzebuerg ze benotzen?
Perséinlech schwätzen ech léiwer Lëtzebuergesch wann ech doheem sinn. All meng Frënn a Leit déi mir no stinn. Awer wann ech misst wielen wier et Däitsch well ech d’Sprooch studéiert hunn an ech zu Gemersheim wunnen. Wat Sproochepreferenz ugeet, gouf et eng Ännerung tëscht verschiddene Generatioune vu Lëtzebuerger. Nom zweete Weltkrich hunn d’Leit léiwer Däitsch geschwat. Dunn, an den Achtzeger, mengen ech, wat d’Generatioun gouf et erëm eng Ännerung. Hautdesdaags schwätze vill Leit erëm léiwer Däitsch. Ech hunn och gemierkt dat déi meescht vu menge Frënn Däitsch léiwer hu wéi Franséich.
Ech verstinn. Bass du och stolz drop, Lëtzebuergesch ze schwärzen an domat och déi ganz kleng Natioun vu Lëtzebuerg ze vertrieden?
Dat ass eng interessant Fro. Ech géif net grad soen Stolz. Et ass just… Ech fannen et gëtt mir gewësse Virdeeler. Déi lëtzebuergesch Sprooch huet vill verschidden Diphtongen déi aner Sproochen esou wéi Franséich oder Däitsch net hunn. Zum Beispill war et fir mech méi einfach Hollännesch ze léiere well ech konnt Lëtzebuergesch schwätzen. Ausserdeem, wat ee méi Sproochen als Kand léiert, wat et méi einfach gëtt wann ee wëll eng nei léieren.
Wou géif dir Lëtzebuergesch ënner all deene Sprooche situéieren, déi Dir ugeschwat hutt?
Et huet vill Änlechkeete mat Hollännesch. Wat modern Wierder ugeet, léine mer eis se just lénks a riets. Mir sinn net wéi d’Fransousen déi fir all Wuert eppes neies mussen erfannen. Ee Beispill wier d’Wuert “Televisioun”. Et kéint ee “Fernseher” soen, wat déi wuertwierklech Iwwersetzung vun “Televisioun” ass. Anerersäits kéint een och dofir “Tëlee” soen, wat eng Ofkierzung vum franséiche Wuert “télévision ass”. Béid ginn ugeholl a jidderee versteet dës Variatiounen. Hannen um Enn hänkt et just dovun of, wat ee léiwer gebraucht.
Virun dësem Interview hunn ech puer Hannergrondinformatiounen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch nogekuckt/nogesicht. Wéi ech op YouTube gaang sinn, hunn ech dee Video vun engem Noriichtereporter gesinn deen op Lëtzebuergesch geschwat huet, an ech hunn 40 bis 50 Prozent vun deem wat de Reporter sot méi oder wéineger verstan. Ech war iwwerrascht iwwert déi puer Elementer vun Hollänesch déi ech matkrut.
Also, et ass interessant datt Dir dat erwäänt. Ech sinn net wierklech gewinnt, Neiegkeeten op Lëtzebuergesch ze gesinn. Wann ech d’Noriichten héieren hunn ech d’Gefill datt d’Lëtzebuergescht ze propper a verständlech kléngt. Eingentlech kënnt et mer bësse friem vir. Wann ech heiansdo eng Zäitchen net oppaassenan da verstinn ech net wierklech wat se soen. Et ass wierklech komesch wann ech lëtzebuergesche Fernseh, wellt et sech esou irreal ufillt.
Zu deem Punkt: wéi geet Lëtzebuerg administrativ mat all dëse Sproochen ëm op natonalem Niveau? Kann ee Lëtzebuerg als en änleche Fall wéi d’Belsch a spezifesch ugesinn?
Wa mir offiziell Aussoe vun der Regierung kréien, da sinn dës meeschtens op Däitsch a Franséich. An de leschte Joren hunn se Englesch derbäigesat, a Bierger hunn dofir plädéiert, Lëtzebuerg och derbäi ze setzen. Déi lescht offiziel Ukënnegung, déi ech vun Doheem gesinn hunn, war d’Ëmsetzung vun de COVID-19 Moossnamen. Dës Ukënnegung war a fënnef Sproochen, nämlech Däitsch, Franséich, Englesch, Lëtzebuergesch a Portugisesch.
Portugisesch sees du?
D’Saach mat Portugisesch ass datt Lëtzebuerg vill Leit aus Portugal opgehol huet, déi do liewen. Mir hu souguer eng kleng Stad zu Lëtzebuerg, déi mir “klengt Portugal” nennen. Ech hu vill portugisesch Frënn an déi meescht kënne Lëtzebuergesch schwätzen, am Géigesaz zu hiren Elteren. Wéi meng Eltere jonk wären, ware vill Leit aus Italien déi op Lëtzebuerg immigéiert sinn. Et fillt sech hunn, wéi wa Lëtzebuerg all dës verschidde Kulture géif schlécken. Iergendwann vermësche se sech einfach oder hir Gebräicher ginn zu Lëtzebuerg ugeholl. Et ass wierklech interessant, wann een drun denkt.
Wéi ech eng Recherche iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch gemaach hunn, sinn ech op den héije Prozentsaz vu Portugisechsproochege gestouss. Tatsächlech ass d’Fro mir bliwwen: “Wou kënnt dës Relatioun hier?”
Ech wees nach ëmmer net selwer firwar dës Leit esou vu Lëtzebuerg ugezu sinn. Et ass nach ëmmer e Geheimnis fir mech, et kéint aus ökonomesche Grënn sinn. Mee ech hunn dat selwer ni nogesicht, vläicht misst ech mer doriwwer Gedanke maachen.
Wou gesitt Dir d'Lëtzebuerger Sprooch an Zukunft? Mengt Dir datt et kéint vun den anere méi grousse Sprooche beaflosst ginn déi zu Lëtzebuerg an den Nopeschlänner benotzt ginn?
Ech gesinn et als en dynameschen a stänneg verännerende Prozess. Wann ech mäin eegent Lëtzebuergesch mam Lëtzebuergesch vu mengen Eltere vergläichen, da ginn et verschidden Ënnerscheeder wa mir iwwer Begrëffer a Formuléierung schwätzen. Ech hunn Tendenz, vill englesch Wierder ze incorporéieren. Et ass just eng komesch Gewunnecht déi ech hunn, well ech maachen dat och wann ech Däitsch schwätzen. Och de Slang, oder d'Sprooch vun der Jugend, ass ganz interessant ze beobachten. Ech hunn zwou méi jonk Schwësteren a wann ech mat hinne schwätzen, fillen ech mech wéi wann ech komplett aus dem Bild wier. Ech weess wat se soen, awer ech géif ni drun denken meng Säz esou auszedrécken wéi se et maachen. Ech spieren mech heiansdo al dowéinst.
Wéi ech e Kand war, erënneren ech mech dat d’Leit gesot hunn datt mir d’Sprooch komplett ruinéieren. Och wann ech mengen datt se a stänneger Bewegung ass, ech mengen datt ee ka soen datt vill Lëtzebuerger ganz houfreg op d’Sprooch sinn, an datt et se iwwerhaapt nach ëmmer gëtt. D’Regierung probéiert och d’Sprooch ze erhalen, oder op eng gewësse Manéier d’Sprooch ze promovéieren. Et gi vill Méiglechkeeten fir Immigranten fir d’Sprooch gratis ze léieren. Och Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, nämlech Pendler aus Däitschland, Frankräich oder der Belsch kënnen déi alldeeglech Sprooch léieren, déi se fir Aarbhec brauchen. Fir d’Sprooch gratis ze léieren ass eppes wat ech ganz cool fannen. Géif d’Geleeënheet definitiv empfeelen.
“Ech mengen datt ee ka soen datt vill Lëtzebuerger ganz houfreg op d’Sprooch sinn, an datt et se iwwerhaapt nach ëmmer gëtt. D’Regierung probéiert och d’Sprooch ze erhalen, oder op eng gewësse Manéier d’Sprooch ze promovéieren.”
Martha Heuts
Fir den Interview ofzeschléissen froen ech mech ob Dir Rotschléi fir eis Lieser hutt, déi drun interesséiert sinn, déi Lëtzebuerger Sprooch kennen ze léieren.
Lërzebuergesch ass ganz interessant: et huet den Toun an d’Mélodie vum Franséichen, benotzt awer germanesch Wierder. Et ass ganz fléissend a kann och relativ melodesch sinn, wat ech iwwert d’Joere geléiert hunn ze schätzen. Ech denken, wann ee Lëtzbuergesch léiert ass et wichteg, Kontakt mat Mammesproochler ze kréien. Wann Dir iech d’Regierungssäit ukuckt (déi a ville Sproochen iwwersat ass, esou dass Dir eng fannt déi Dir verstitt), mengen ech datt Dir Informatioune fannt iwwert wou Dir un engem (online) Lëtzebuergesch-Cours kënnt deelhuelen. Et gëtt och en Online-Dictionnaire (lod.lu) deen ech zimmlech dacks aus Virwëtz benotzen.
Ech mengen, all Lëtzebuerger géif sech freeën wann en Auslänner probéiert Lëtzebuergesch ze schwätzen, well net vill Leit dozou bereet sinn dowéinst well déi meescht Lëtzebuerger scho vill Sprooche schwätzen a verstoen.

Interested in more content? You can find EQ on: